Wat eis Memberen zesummen dreift
Säit iwwer 30 Joer versammelen sech op Maria Himmelfahrt, dem 15. August hongereg Leit zu Eppelduerf. Op dësem Dag gi mëttes an owes grouss Portioune Spaghetti gekacht an d’Zesummekomme bis an d’Nuecht era gefeiert.
Du hues Loscht dech z'engagéieren, un der Organisatioun vun Events ze wuessen an dobäi nei Leit kennenzeléieren? Wou s du wunns, deng Nationalitéit, däi Geschlecht ewéi deng sexuell Orientéierung spille bäi eis keng Roll. Sierf eis Wëllkomm!