Schreif eis eng E-Mail

E-Mailen un contact@eppelduerfer.lu ginn un de ganze Comité verdeelt. Esou si mir am beschten z'erreechen.

Oft gestallte Froen

Muss ech Member sinn, fir un ären Aktivitéiten deelzehuelen?
Nee, du kanns eis och gären einfach sou besiche kommen. Mell dech am beschte virdrun un.
Wat sinn d'Ufuerderunge fir Member ze ginn?
E Mindestalter vu 16 Joer, d'Kotisatioun an der Héicht vun 10€ an de Wëllen, sech aktiv um Veräinsliewen ze bedeelege sinn déi eenzeg Viraussetzunge fir bäizetrieden.
Muss ech zu Eppelduerf wunnen, fir Member ze ginn?
Dës Aschränkung gouf bäi der Neigrënnung vum Veräin 2015 opgehuewen.
Déi meescht Aktivitéiten, wéi och de Clubsall, sinn awer zu Eppelduerf situéiert.
Wat ass de Sënn vum Liewen?
Et kënnen der nëmme Siwe sinn.