Wëllkomm um gréisste Spaghettisfest vu Lëtzebuerg

Event details

Um 15. August zerwéiere mir säit 40 Joer mëttes an owes grouss Portioune Spaghetti mat lokalem Viz, guddem Wäin, beléifte Cocktailen a frësch gezaaptem Béier.

Menu du Jour

Spaghetti All-You-Can-Eat 15 €
Kleng Portioun Spaghetti 12 €

  • Bolognese aus Rëndsfleesch vu Lëtzebuerg
  • Carbonara
  • Vegetaresch Pesto
  • Vegan Arrabiata a Bio-Qualitéit

Opening hours

  • 12:00–14:00Spaghetti & Bar
  • Pause
  • 18:00–22:00Spaghetti & Bar
  • 22:00–01:00Bar only

Umellung & Dëschreservatioun

An der Regel gëllt bäi eis first come, first served. Kontaktéiert eis gäeren fir en Dësch fir Gruppen ab 8 Persounen.

Fir Kanner

Wann d'Wieder et zouléisst kënnen d'Kanner gratis vum Sprangschlass profitéieren (ouni Betreiung).

International guests

We would like to especially welcome our international guests. We are happy to serve you in English.

Barrièrefräiheet

De ganze Site ass ouni Trapen erreechbar an et stinn rollstullgerecht Sanitär Anlage zur Verfügung.

Ureess mam Bus

Mam Bus 191 hutt Dir tëscht 11:50–22:20 Auer all Stonn eng gratis Verbindung vun an op Ettelbréck Gare, Diekierch Gare, Beaufort an Iechternach. D'Bushaltestell Eppeldorf Faubourg ass 300 Meter vum Site weg.

Parking

Direkt nierft dem Site vum Spaghettisfest steet Iech e Parking zur Verfügung.

Ureess mam Velo

Eppelduerf ass beléift ënner Vëlosfuerer, dofir riichte mir Stellplazen fir de Vëlo an.

Mir all droen eng Verantwortung fir eis Zukunft

Mir krempelen eist Fest em fir eiser Verantwortung der Ëmwelt an der jonker Generatioun géigeniwwer besser gerecht ze ginn. Dozou gehéiert ënnert anerem, dass mir investéieren, fir esou gutt wéi méiglech op Ee-Wee Artikele verzichten ze kënnen. Doriwwer eraus setze mir nach méi op lokal Produiten. Wueren, déi net vun hei sinn, bezéie mir aus fairem Handel. Mat eisem Konzept maache mir dëst Joer bäi „Green Events“ mat, enger Initiative vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable. Méi Detailer zu dësem Projet sinn op greenevents.lu ze fannen.

Drone picture showing Eppeldorf from above

Presentéiert vun eise Sponsoren

Ouni eis Partner a Sponsoren wier d’Spaghettisfest esou net méiglech. Mir soe Merci fir d’Vertrauen. Dir wëllt déi nächste Kéier net feelen? Schreift eis op contact@eppelduerferjugend.lu.