Cotisatioun fir aktiv Memberen

De järleche Bäitrag fir aktiv Memberen ass 10,00 € a muss innerhalb vun 2 Méint no der Generalversammlung bezuelt ginn, soss verfält d’Memberschaft automatesch.

Cotisatioun fir Ënnerstëtzer

De järleche Bäitrag fir Membres Donateurs ass op mannst den duebele Wäert vun der Cotisatioun fir aktiv Memberen an entsprécht also op mannst 20,00 €.

Eppeldorfer Dorfjugend – Revue, 7. Mäerz 1964
Eppeldorfer Dorfjugend – Revue, 7. Mäerz 1964

Du bass interesséiert bäi eis Member ze ginn?

Du hues Loscht dech z'engagéieren, un der Organisatioun vun Events ze wuessen an dobäi nei Leit kennenzeléieren? Wou s du wunns, deng Nationalitéit, däi Geschlecht ewéi deng sexuell Orientéierung spille bäi eis keng Roll. Sierf eis Wëllkomm!