#PrideMonth
Mir setzen en Zeeche
fir eis LGBT*s

Am Pride Month Juni weisen d'Eppelduerfer Jugend, zesumme mat allen, déi sech uschléissen, eist Logo an den LGBT*-Reeboufaarwen. Mir heeschen domat LGBT*-Leit (lesbesch, schwul, bisexuell, trans an aner) ënnert eise Membere wëllkomm a setzen aktiv en Zeeche géint LGBT*-Feindlechkeet.

#BlackLivesMatter Mir hu net vergiess, dass et People of Color waren, déi an der Christopher Street zu New York d'Beweegung gestart hunn, déi zu Pride op der ganzer Welt gefouert hunn.

Firwat dat ganzt? Nach ëmmer verstoppen sech ze vill LGBT* Leit op der ganzer Welt, aus Angscht se géife wéinst hirer Sexualitéit oder hirem Geschlecht ausgeschloss ginn. Och Lëtzebuerg ass do keng Ausnam. Et geet een dovun aus, dass ongeféier all 10. Mënsch net heterosexuell ass. Dobäi si Wierder wéi schwul oder lesbesch bal ausschliisslech negativ a gebrauch. Fir déi, déi et héieren, kennen eleng schonn dës Andréck zu Perséinlechkeetsstéierungen, Isolatioun bis hin zu absoluter Resignatioun féieren.

Loosst eis mat Faarf en Zeechen dogéint setzen! Schwul, lesbesch, trans an aner Jugendlecher solle keen Zweifel dorun hunn, dass se an de Jugendveräiner wëllkomm sinn, esou wéi se sinn. Faarweg stelle mir eis nieft eis Matmënschen a weisen, dass do keng Platz fir LGBT*-Feindlechkeet ass.

Invitéier däi lokale Veräin

Maach och däi lokale Veräin iwwert d'Aktioun opmierksam a looss si hiert Logo an den LGBT* Reeboufaarwen ze weisen.

Zesumme gi mir faarweg an de Pride Month 2018

An der Presse