Wëllkomm um gréisste Spaghettisfest an der Groussregioun!

Säit iwwer 30 Joer kommen hongereg Leit op Maria Himmelfahrt, dem 15. August, op Eppelduerf. Op dësem Dag gi mëttes an owes grouss Portioune Spaghetti gekacht, fir duerno bis an d’Nuecht eran ze feieren.

Auerzäiten

  • Datum 15. August 2020
  • Spaghetti + Bar 12:00–14:00
  • Spaghetti + Bar 18:00–22:00
  • Bar 22:00–03:00

Präisser

  • Entrée Gratis
  • All-You-Can-Eat 12 €
  • Kleng Portioun 9 €
  • Gedrénks ab 1,50 €

Variatiounen

  • Bolognese
  • Carbonara
  • Pesto
  • Arrabiata
  • Bäi all Portioun Spaghetti inkl.

Säit 1985 a jonken Hänn

D’Organisatioun vun dësem Fest läit ganz an den Hänn vun der Eppelduerfer Jugend. E Veräin, dee säit 1964 besteet an et sech zur Aufgab gemaach huet, eng oppe Gemeinschaft vu jonke Leit aus ganz Lëtzebuerg ze stëften. An Zesummenaarbecht mat der Aerenzdallgemeng gouf dofir en Treffpunkt zu Eppelduerf ageriicht.

D’Organisatioun vun Events, wéi den Checkpoint Eppelduerf um Marche International de Diekirch, der Kiermes an dem Spaghettisfest, dreift de Virstand an d‘Memberen aus hirer Komfortzone. Den Erléis ënnerstëtzt den Ausbau vum Clubsall an erméiglecht weider Erliefnesser fir d‘Membere vum Veräin.

Mat Ënnerstëtzung vun eise Partner

Ouni eis Partner wier d'Spaghettisfest esou net méiglech. Mir soe Merci fir dës Geleeënheet a fir d'Vertrauen.

Pompjeessbau
14, Faubourg
L-9365 Eppeldorf

Urees plangen

Hannert de Kulissen wierken iwwer 40 jonk Leit, eis Crew

D’Spaghettisfest Crew besteet aus de Membere vun der Eppelduerfer Jugend, hire Frënn an Ënnerstëtzer, déi all fräiwëlleg eng Hand mat upaken. Ob am Service, hannert dem Comptoir oder Backstage an der Kichen oder an der Spull, mat hinne steet a fält alles.

Spaghettisfest Crew 2018

Mir akzeptéieren

SumUp

Sharing is Caring

Du fënns dat esou cool wéi mir? Mir brauchen deng Hëllef! Behal et net fir dech, deel et, ziel et denge Leit weider a luet se an laanscht ze kommen, fir mat eis e richteg gudden Owend ze verbréngen!