D'Eppelduerfer Jugend ass säit 1964 aktiv a gouf am August 2015 als Asbl nei gegrënnt. Haut ass de Veräin eng oppe Gemeinschaft vu jonke Leit aus ganz Lëtzebuerg. Regelméisseg Treffen, Aktivitéiten an d’Organisatioun vun traditionellen Events wéi dem Spaghettisfest an der Kiermes schweessen d’Memberen zu enger verréckter Kludder zesummen, déi een einfach kenneléiere muss. Et ass d’Ziel vum Veräin, dëser Gemeinschaft een Doheem ze bidden, se z’erhalen a neie Memberen den Zougang z’erméiglechen.
D'Membere vum Virstand schaffen hannert de Kulissen. Dobäi iwwerhuele sie d'Verantwortung an d'Organisatioun, fir d'Gemeinschaft vun der Eppelduerfer Jugend z'ennerstëtzen. Hier Aarbescht ass essentiell fir d'Existenz vum Veräin.
Eis aktuell a vergaange Statutten, Formulare fir z. B. de Bäitrëtt an en Archiv vu Flyeren an Dokumenter kanns du op dëser Säit als PDF eroflueden.
Ausserhalb vun eisen Events kanns du eist Material, wéi eist grousst Veranstaltungszelt oder eis Industrie Spullmaschinn lounen. Dobäi ënnerstëtz du gläichzäiteg e gudden Zweck.
Du hues Loscht dech z'engagéieren, un der Organisatioun vun Events ze wuessen an dobäi nei Leit kennenzeléieren? Wou s du wunns, deng Nationalitéit, däi Geschlecht ewéi deng sexuell Orientéierung spille bäi eis keng Roll. Sierf eis Wëllkomm!